1 Diploméierten Erzéier (m/w/d) fir säin déieregestëtzten Service Op den Patten zu Lëntgen

Solina Solidarité Jeunes ASBL
Localité Lintgen
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Travail social
2025.08.ODP

Retour

Solina Solidarité Jeunes ASBL engagéiert

1 Diploméierten Erzéier (m/w/d)
fir säin déieregestëtzten Service Op den Patten zu Lëntgen

40 Stonnen/Woch – CDI am Kollektivvertrag CCT-SAS, Karriär C4 – fir direkt oder no Ofsprooch

– réf. 2025.08.ODP –

Däin Aufgabeberäich:

  • Organiséieren an duerchféiere vu Seancen an der déieregestëtzte Mediatioun, individuell oder am Grupp
  • Zesumme mam Beneficiaire, den Elteren a professionelle Partneren déi individuell Begleedung gestalten
  • Matwierken un der Ausaarbechtung an dem Suivi vun den Interventiounspläng
  • Zesumme mat der Ekipp aktiv iwwert den Aarbechtsalldag reflektéieren
  • Fir d’Wuelbefannen an d’Erzéiung vun den Déiere suergen
  • D’Ekipp bei den deeglechen Aarbechten um Haff ënnerstëtzen

Däi Profil:

  • Diploméiert·en Erzéier·in
  • Formatioun an der Systeemik / systeemescher Approche
  • Formatioun oder Zertifikat an der déieregestëtztener Mediatioun
  • Erfarung an der Aarbecht mat Kanner, Jugendlechen a Familljen
  • Gutt Kenntnisser an der Ethologie fir d’Verhale vun Déieren an e gutt Verständnis fir déi spezifesch Bedierfnesser vu verschiddene Liewewiese
  • Fäegkeet fir autonom ze schaffen an awer och gutt an der Ekipp kollaboréieren
  • Flexibilitéit a Disponibilitéit (Aarbechtszäiten an Deeg)

Vun Virdeel as:

  • Interessi un interdisziplinären Aufgaben a Aarbechtskolleegen·innen
  • Erfarung an der therapeutescher Aarbecht
  • Bereetschaft sech kontinuéierlech weiderzebilden
  • Kreativitéit (manuell Aarbecht)
  • Führerschäin BE
  • Erfarung mat landwirtschaftleche Maschinnen

Mir bidden Dir:

  • Deel vun enger dynamescher an engagéierter Ekipp ze sinn
  • een ofwiesslungsräichen Aarbechtsalldag
  • eng Ënnerstëtzung duerch e motivéiert Team an interessant Formatiounen
  • eng verantwortungsvoll a villfälteg Aarbechtsplaz mat Laangzäitperspektiven
    (am CCT-SAS Kollektivvertrag)
  • ee Betrib, wou de Mënsch a senger Individualitéit am Vierdergrond steet

D‘Kandidaturen mat Referenznummer, Liewenslaf, Foto, Kopie vum Diplom a néideg Ënnerlage, kënnen bis de 20.09.2025 u follgend Adress geschéckt ginn:

Solina Solidarité Jeunes ASBL ● 163, rue du Kiem ● L-8030 Strassen ●
oder un contact@s-j.lu

Wann d’Kandidaturen zeréckbehalen ginn, froen mir d’Casiers judiciaires 3, 4 a 5.

Retour

Lintgen
Contact
Jerry Fellens
Téléphone +352 4904201

Retour

Postuler en ligne

Veuillez calculer 9 plus 1.

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler