Aide socio-éducatif (M/W/NB) - Maison Relais Nidderaanwen

Arcus
Localité L-6999 Oberanven
Type de poste Durée indéterminée Temps plein
Catégorie Educateur

Retour

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir siche fir d’Maison Relais Nidderaanwen: Aide socio-éducatif (M/W/NB) - 17-25 Stonnen/Woch, CDI


An der Maison Relais Nidderaanwen schaffs du an engem liewegen an dynamesche Kader, an deem d’Wuel vum Kand am Mëttelpunkt steet. Hei erwaart dech eng ofwiesslungsräich Aarbecht an engem modernen Haus mat engagéierten Aarbechtskolleegen a vill Plaz fir innovativ Iddien. Du begleets Kanner op hirem Wee – vum Empfänke moies bis hin zu flotten Aktivitéiten am Nomëtteg, oder an der Schoulvakanz. An enger Equipe wou Zesummenhalt wichteg ass, kanns du wichteg pedagogesch Erfarunge sammelen an aktiv matgestalten.


Responsabilitéiten

  • Kanner zu Fouss (Pedibus) oder mam Bus Heem oder an d'Schoul begleeden

  • Sécherheet a Wuelbefanne vun de Kanner garantéieren

  • D’Zäiten respektéieren

  • Uspriechpartner fir Kanner an Eltere sinn

  • Roueg mat onerwaarte Situatiounen ëmgoen


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Eng ofgeschlossen ASE-Formatioun ass vu Virdeel

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel


Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Retour

Rue du Coin
L-6999 Oberanven
Contact
Service Recrutement
Téléphone +352 49 53 46-1

Retour

Avez-vous postulé pour cet emploi ?

Aide socio-éducatif (M/W/NB) - Maison Relais Nidderaanwen chez Arcus

Retour

Zum Seitenanfang springen
Postuler