arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
D‘Kannerhaus Iechternach steet fir eng psychopedagogesch Betreiung, déi iwwert di klassesch stationär Jugendhëllef geet. Professionalitéit an Entwécklung sënn zentral Punkten an der Aarbecht am Kannerhaus Iechternach. Zesumme mat enger multidisziplinären Equipe begleets a betreis du Kanner a Jugendlecher aus prekär Liewenssituatiounen an hir Hierkonftsmillieu.
Mir siche fir d'Kannerhaus Iechternach Chef de groupe (M/W/NB) : 35-40 Stonnen/Woch CDI
Obligatoresch Ufuerderungen
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Du hues minimum 5 Joer Beruffserfarung
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
Mir bidden
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)